Stäranäis - e Gewierz, dat méi kann wéi Wanter

27/03/2026
Stäranäis - e Gewierz, dat méi kann wéi Wanter
Play

E gesäit aus wéi e klengt Konschtwierk - stärefërmeg, donkelbrong, mat aacht filigranen Äerm. A säi Geroch ass onverkennbar: waarm, liicht séiss, e bëssen no Lakritz. Stäranäis ass net just e Gewierz fir de Glühwäin, et ass e Stéck Weltgeschicht am Klengen. Seng Hierkonft läit a Südostasien, virun allem a China a Vietnam. Do wiisst de Stäranäisbam, deem seng Friichten no der Recolte gedréchent ginn an da kritt hien och seng typesch Stäreform. Zënter Joerhonnerten gëtt Stäranäis an der chineesescher Kichen an an der Medezin benotzt.