Succès fir de Luca de Michele um Make Up Artist Award
31/03/2026

Fir hien ass Make-up net nëmmen en Job, mee eng Passioun, déi scho ganz fréi do war an déi hien haut voll a ganz lieft. Lescht Joer huet de Luca sech fir d’éischt um “Make Up Artist Award” ugemellt - e prestigiéise Concours, deen am Kader vun der grousser Beautymesse zu Düsseldorf organiséiert gëtt. Do trieden Artisten aus ganz Europa géinteneen un a mussen hiert Kënnen live op der Bün ënner Beweis stellen.
