Sumac - déi subtil Saier aus dem Orient
03/04/2026

An eiser Gewierzserie huele mir Iech haut mat op eng aromatesch Rees an de Mëttleren Osten. Et geet ëm e Gewierz, dat hei nach ëmmer e bëssen e Geheimtipp ass - Sumac. Sumac kënnt vun de gedréchente Biere vum Sumac-Strauch. Déi kleng, donkelrout Friichten ginn zermuel a ginn dann zu engem Pudder, dee virun allem duerch säi frëschen, liicht sauere Goût opfält. E bëssen wéi Zitroun, just méi mëll, méi déif. Besonnesch an der libanesescher, tierkescher oder iranescher Kichen ass Sumac net ewechzedenken.
