Mir ootmen all Dag - mee meeschtens net richteg

11/04/2026
Mir ootmen all Dag - mee meeschtens net richteg
Play

Hutt dir haut schonn eng Kéier richteg déif ageotemt? Net einfach esou niewebäi - mee wierklech bewosst? Haut ass de Welt-Otem-Dag. An deen erënnert eis un eppes, wat esou selbstverständlech ass, datt mir et bal vergiessen: eisen Otem. Vill Leit ootmen am Alldag éischter onbewosst - dacks ze séier oder ze flaach. Dobäi kann een eleng duerch bewosst ootmen scho vill veränneren. Wat genee richtegt ootmen ausmécht a wéi eng Virdeeler et huet, dat erkläert de Breathwork-Teacher Benedict Beaumont.