Gesondheetstipp: Kommunikatioun bei Krankheeten

08/04/2026
Gesondheetstipp: Kommunikatioun bei Krankheeten
Play

Heiansdo schwätzen Dokter a Patient zwar déi selwecht Sprooch, an awer schwätzt een laanschteneen, och wann dat mat Momenter liewesgeféierlech ass

No Enquêten mat Patienten déi mat esou Sätz konfrontéiert goufen, verstinn déi eng 1% vun de Leit kréien dat, anerer éischter 30%. Och déi vun der Medezin oft gebrauchten Formule vum 'relative Risiko' ass fir verschidden Patienten a fir munch Professionell vun der Gesondheet schwéier ze paken. E Beispill: Déi éischt Mammographiestudien hu gewisen, dass déi Dammen déi an d'Mammographie goungen versus déi, déi geschwänzt hunn 30% manner Risiko hunn u Broschtkriibs ze stierwen. Heescht dat, mir retten all 3t Fra? Leider net. De Risiko ze stierwen ass vu 5 pro 1.000 Fraen op 3,5 pro 1.000 Fraen gefall. Dat ass eng Reduktioun vun 30% Ënnerscheed, awer leider net all 3t Fra.