Weltdag vun der Stëmm - Jidderee ka sangen
16/04/2026

Haut feiere mer en Instrument, dat mir ëmmer dobäi hunn: eis Stëmm. Mir benotzen se all Dag – fir ze schwätzen, ze laachen, ze diskutéieren an heiansdo och, fir ënner der Dusch e klengen Hit ze fabrizéieren. An dat Bescht drun: jidderee ka sangen. Jo, och déi, déi elo direkt soen: „Nee, ech ganz sécher net!“ D’Wourecht ass nämlech: sangen ass net nëmmen Talent – et ass Training. Eis Stëmmbänner si wéi Muskelen. Wann ee se ni richteg benotzt, da schlofen se an.
