Anäis: tëscht Kichelcher a Kulturen
17/04/2026

Haut geet et ëm e Gewierz, dat vill Leit direkt u Séissegkeeten oder un en Aperitif erënnert: Anäis. Den Anäis gëtt zanter Dausende vu Joer benotzt - net nëmme fir ze kachen, mee och als Heelplanz. Säi klenge, brong-grénge Som huet en intensiven, séissleche Gout, deen e bëssen u Lakritz erënnert. Mir schwätzen hei vum „gewéinlechen“ Anäis – net vum Stäranais, dee vill méi staark ass a vun enger ganz anerer Planz kënnt.
