RTL Léierplazendag 09h40
21/04/2026

de Stephan Hawlitzky, Chef vum 'service d'orientation professionnelle' bei der 'Agence pour le développement de l'emploi' bei der adem
D'Sich no de Léierplazen ass amgaangen. Op der Schoulfoire ass eng éischt Geleeënheet fir sech z'informéieren an ze kucken wat passt oder wat méiglech ass fir bei engem Patron seng Léier ze maachen. D'Bandbreet ass grouss vum Mecanicien iwwer Bäcker a Metzler oder Coiffeur fir nëmmen déi ze nennen. De Patrick Greis ass sur place fir sech e Bild ze maachen.
