Hitmaschinn 1995: Amazon

29/04/2026
Hitmaschinn 1995: Amazon
Play

Den Internet, dee viru 1995 haaptsächlech ënner Fachleit an an der Fuerschung benotzt gouf, mécht sech an deem Joer op fir déi grouss Mass.

Entreprisen dierfen hir Produit’en ubidden, déi éischt Online Shopps entstinn, den Internet fänkt u Suen ze verdéngen!

Et ass och de Moment, an deem e jonken Jeff Bezos Amazon grënnt.
Seng Iddi war simpel: online Bicher verkafen. Hannendru stécht awer eng grouss Visioun: enges Dags soll een alles kënnen iwwer den Internet bestellen.
Deemools deet nach muncher een sech schwéier mat där Iddi: wie keeft schonn eppes, ouni et virdru gesinn ze hunn?
Mee dem Bezos seng Wett op d’Bequeemlechkeet vun de Leit geet op.
Haut nach gëllt d’Amazon Aktie als eng vun de wäertvollsten am Tech-Beräich.
Dat wéinst hiren staarke Wuesstem an de Beräicher Cloud Computing an E-Commerce.

Den Jeff Bezos selwer huet 2021 säi Posten als CEO vun Amazon un den Andy Jassy ofginn, bleift awer weiderhi Präsident vum Verwaltungsrot.