Hitmaschinn 1995: Windows 95
30/04/2026

Laang Schlange viru Computerbutteker weltwäit.
Et ass de 24. August 1995. Wat haut Nostalgie ausléist, war deemools eng kleng Revolutioun: Windows 95.
Nei ass de “Start” Knäppchen ënne lénks.
Programmer loosse sech méi einfach bedéngen, d’Fënsteren iwwersiichtlech platzéieren – esouguer Computer Amateure ginn eenz.
Mat Windows 95 fënnt Personal Computer op eemol säi Wee an den Alldag vu ganz ville Leit an ass ëmmer manner eng Spillsaach nëmme fir Spezialisten.
Microsoft trëfft de Nerv vun der Zäit: Millioune Mënsche kafen hiren éischte PC: Schaffen, Spille, Schreiwen – alles gëtt méi digital.
An: Windows 95 bréngt den Internet an d’Stuff vun de Leit. Zwar nach lues a piipseg iwwer Modem, mee den Uschloss un déi grouss nei Welt ass do!
