Neie Kapitän op der Ms Princesse Marie-Astrid

Wann dir mat MS Princesse Marie-Astrid op der Musel ënnerwee sidd, dann ass et de Kapitän Jürgen Emmes deen op der Kommando Bréck steet.
Bis elo. Wëll do annoncéiert sech elo en zweete Kapitän fir dann och iergendwann d’Relève ze iwwerhuelen. Wien ass dat dann? De Christian Schmit huet dee neie Mann zu Gréiwemaacher begéint.
Gréiwemaacher ass houfreg drop zënter 1966 den Heemechtshafen vun all MS Princesse Marie-Astrid ze sinn.
An de Rachid Mumar, d’origine aus dem Maroc ass genee esou houfreg fir op eisem Aushänkeschëld op der Musel d’Kapitänsuniform elo unzedoen.
Oui c’est génial, cela est le symbole luxembourgeois. Je suis content de travailler au bateau MS Princesse Marie-Astrid avec une équipe qu’on a ici, c’est vraiment bien.
Deem geet eng laang Ausbildung viraus?
Pour commencer, d’abord il faut faire „Decksmann“, homme de pont, ensuite matelot. Après quelques années j’ai fait la qualification du « Bootsmann » ensuite « Steuermann », cela veut dire deuxième capitaine, et dernièrement j’ai fait ma qualification de capitaine à Strasbourg.
Gutt Viraussetzungen huet de Rachid schonn am Gepäck aus dem Maroc matbruecht, dat mat senger Ausbildung als „Capitaine en mer“.
Mee Navigéieren op engem Floss wéi eiser Musel ass net ze ënnerschätzen, wëll?
Parce que le trafic sur la rivière vous voyez, je parle de la Moselle ici au Luxembourg, ce n’est pas large. Et parfois on se croise avec des bateaux dans des virages, et alors cela devient compliqué, surtout la nuit.
Schonn als Bouf mat 7 Joer wosst de Rachid dass hien Kapitän wéilt ginn.
Après le BAC, j’ai fait l’école des officiers de la marine, j’ai navigué pendant deux ans. Retourné à l’école je suis sorti en tant que lieutenant et ensuite la qualification de capitaine en mer.
Am Moment krit hien vum erfuerene Kapitän Jürgen Emmes seng éischt Fuerstonne wann een esou wëll?
Man merkt, dass man immer älter wird, und da muss man die Erfahrungen weitergeben so gut es geht.
Wir machen das erst mal Schritt für Schritt, wenn wir keinen Fahrplan haben und wenn es hell ist. Von unten nach oben, machen jetzt erst mal Strecke und dann kommt dann immer mehr mit Manöver fahren, Schleuse fahren, und so steigern wir uns von Woche zu Woche.
Bonne chance wënsche mir dann, a natierlech ëmmer di berüümt „Handbreite Wasser unterm Kiel“, wéi si déi Säit der Musel soen.
