Kichen u Bord vun der MS Princesse Marie-Astrid

19/05/2026
Kichen u Bord vun der MS Princesse Marie-Astrid
Play

Eis Prestige Schëff op der Lëtzebuerger Musel ass d’MS Princesse Marie-Astrid déi mir alleguerte kennen.

2010 koum déi lescht Generatioun a Betriib, an déi bitt Plaz fir 220 Passagéier. Jo a bei engem flottem Ausflug kann e sech och kulinaresch verwinne loossen.

De Christian Schmit hat sech u Bord emol an der Kichen ëmgekuckt.

Kombüse ass am Nauteschen de Begrëff fir d’Kichen.

An ech war iwerrascht wéi grouss déi dach ausfält op eiser MS Princesse Marie-Astrid. Zënter 2016 heescht de Chef Kach Georges Costa u Bord, an dee fillt sech ganz wuel a senger Kichen um Waasser.

Jo et ass flott, mee effektiv e bësschen anescht, wëll mir fuere jo scho mam Schëff ronderëm an et muss e sech am Ufank dru gewinnen. Et wackelt elo net extreem, mee awer ëmmer e bësschen. Et muss e sech

och bewosst sinn, dass ee virum Départ alles u Bord huet. Et därf e näischt vergiessen dat ass wichteg.

Mat senger Ekipp vun 5 Leit an 2 Plongeuren huet een di kulinaresch Geschécker gutt am Grëff, an et gesäit e sech wéi eng kleng Famill.

Mir sinn op engem Samschdegmëtteg u Bord. Fir owes steet en Dîner musicale um Programm. Wat steet um Menu?

Haut zerwéiere mir eng Dubary’s Zopp, also Choufleur mat Sesam. Duerno Judd mat Gaardebounen a gebootschte Gromperen, an duerno Parfait mat Quetschen.

Mee et kann een och „à la carte“ bei hinnen u Bord iessen?

Jo dat geet och. Am Moment maache mir dat Sonndes, a vu Mëtt Juni un all Daag à la carte, a jo do hu mir Deeg do ass et méi einfach, an anerer do hu mir 1 ½ Stonn fir 200 Leit ze zerwéieren. Et ass schon eng Erausfuerderung fir eis.

An och de Vegetarier oder Veganer ka gastronomesch um Schëff verwinnt ginn.

Wat wär dann esou d’Alternativ zum Menu?

Also den Owend hu mir virgesinn e Risotto mat Spargelen, dee mir mat Soja zoubereeden. Och

Lactose fräi, also jo fir Vegetarier, Veganer oder Gäscht mat Allergien, do probéiere mir eis ëmmer unzepassen.

Och royal Gäscht, souwéi Staats a Regierungscheffen goufen och scho fir en Déjeuner oder Dîner op der MS Princesse Marie Astrid begréisst, ennersträicht den Direkter vum Schëff Medic Souri.

Vill Wäert gëtt op regional Produkter geluegt, dat um Teller an am Glas?

Definitiv. Wir legen sehr Wert auf Luxemburger Produkte, und haben jetzt 98 % von verschieenen Lieferanten. Wir legen Wert darauf, dass wir hier an Bord Luxemburg repräsentieren und auch die Mosel an höchster Stelle.

Wir in der Küche, was wir jetzt in den letzten 10 Jahren aufgebaut haben, zusammen mit dem Service ist toll.