Cayennepeffer - Hëtzt aus der Natur
08/05/2026

Cayennepeffer kléngt no Feier, no enger klenger Aventure um Teller. Mee wat ass dat eigentlech genee? A firwat gräife sou vill Leit dozou, wann et an der Kichen richteg soll kraachen?
Wat Cayennepeffer esou speziell mécht, ass säin aktiven Inhaltsstoff: Capsaicin. Dat ass dee Stoff, deen eis déi bekannte Schärft bréngt an eise Kierper op Touren bréngt. Wann et am Mond ufänkt ze brennen, leeft d’Maschinn un: de Bluttkreeslaf gëtt ugekuerbelt, d’Verdauung stimuléiert. De Pit Wanderscheid erkläert eis firwat de Cayennepeffer näischt mat Peffer ze dinn huet...
