Festival Cannes 2026

Wat ass dëst Joer lass?
En Dënschdeg (12.Mee) ass di offiziell Ouverture vum 79. Festival vu Cannes. De Joy Hoffmann ass erëm fir ons mat derbäi. No der Annonce vum Programm gouf et besonnesch vill Commentairen iwwert déi wéineg amerikanesch Filmer an der offizieller Selektioun.
Dat ass fir mech eng e bëssen iwwerflësseg Diskussioun.
D'Hollywood Studioen hu scho säit Laangem di däitsch Berlinale desertéiert. Cannes dogéint, hat meeschtens op d'mannst ee Prestige Blockbuster, wéi d'lescht Joer MISSION IMPOSSIBLE mam Tom Cruise. Dës Kéier ass da vir d'éischt säit Laangem keng grouss Hollywood Produktioun zu Cannes. Souwuel zu Berlin wéi zu Cannes, ginn da souzesoen als Ersatz, Éierepräisser un Hollywood Stare verdeelt, wéi wann et net ouni dee Glamour géif goen. D'Barbara Streisand an de Peter Jackson, Realisateur a Produzent vun der LORD OF THE RINGS Trilogie, kréien esou eng Éirepalm d'Or iwwerreecht
D'Kontroversen dréinen sech allerdéngs net just ëm Hollywood Blockbusteren, mee och ëm d'Tatsaach, dass dëst Joer just zwee onofhängeg amerikanesch Filmer an der Haaptkompetitioun sinn: THE MAN I LOVE vum Ira Sachs, a PAPER TIGER, dem James Gray seng 5. Selektioun a Competitioun, mam Adam Driver a Scarlett Johansson. Di grouss Zäit vum amerikaneschen Auteure Kino aus de 70 an de 90 Joren, mat Palme d'Oren, ënnert anere fir de Robert Altman, Francis Ford Coppola, Martin Scorsese, an duerno fir den David Lynch, d‘ Coen Bridder an de Quentin Taratino, ass souwisou längstens eriwwer. A wann déi US-Filmer, déi elo selektionnéiert sinn, vum Steven Soderbergh, John Travolta, an de Thriller "DIAMOND" vum Andy Garcia mam Vicky Krieps, wann déi da wierklech gutt genuch wieren, géife se net a Niewesektioune, mee a Kompetitioun lafen.
Mee genuch iwwert Amerika. Keng Weltmuecht, mee déi absolut No1 am Qualitéits Kino zumindest an Europa, ass Frankreich. Esou ass dann och Frankräich a ganzer 16 vun den 22 Filmer a Kompetitioun als Koproduzent mat implizéiert. Ënnert de 5 Realisatrice a Competitioun sinn och 3 Franséisinnen.
Soss ass d' Competitioun, wéi di lescht Joren, e gesonde Mix aus 11 Newcomeren, an 11 Realisateuren déi d'Éier vun der Competitioun schonn haten, dorënner als wuel bekanntste Numm de Pedro Almodovar, an 2 fréier Palme d'Or Gewënner de Rumän Christian Mungiu an de Japaner Kore-Eda.
Exzeptionell dëst Joer ass, dass deFestival en evidenten thematesche Schwéierpunkt huet, eppes wat Cannes eigentlech ni ustrieft, well d'Filmer eenzeg no Qualitéitskrittären ausgesicht ginn. Wéi den Zoufall et da wollt, dréinen sech ganzer 6 selektionéiert Filmer, dorënner 4 a Kompetitioun, ëm di 2 Weltkricher. Déi zwou emblemateschst franséisch Personalitéiten, de General De Gaulle an de Jean Moulin, Chef vun der franséischer Resistenz, stinn am Zentrum vun 2 Filmer. Ënnert aneren dierft och de Film "1949" vum Pawel Pawlikowski besonnesch interessant sinn. Et geet ëm de Retour an Däitschland no engem laangen Exil, vum grousse Schrëftsteller Thomas Mann a senger Duechter Erika, gespillt vum Hanns Zischler a Sandra Hüller.
An zum Schluss e Wénk un d'Fussballfanne. Nee, Cannes ass net just fir Cinéphilen. De Festival Direkter Thierry Frémaux ass e grousse Sportsfan, an esou dauchen 2 Fussbal Documentairen an der offizieller Selektioun op, een iwwert de faméise Weltmeeschterschaftsmatch 1986 tëschent Argentinien an England, an en aneren iwwert den Eric Cantona.
