Harissa: Déi rout Séil aus Tunesien
15/05/2026

Wann ee just un ee Gewierz denkt, dat direkt Hëtzt, Sonn a nordafrikanesche Flair op den Dësch bréngt, da kënnt engem séier den Harissa an de Kapp. Déi schaarf rout Paste kënnt virun allem aus Tunesien, mee och a Marokko an an Algerien ass se net aus der Kichen ewechzedenken. Harissa besteet meeschtens aus gedréchente Chiliën, Knuewelek, Koriander, Kümmel an Olivenueleg. Dat Ganzt gëtt zu enger Paste verschafft, déi gläichzäiteg schaarf, aromatesch a liicht gereechert schmaacht, dobäi ass déi selwergemaachen net ze vergläiche mam Harissa aus der Tube. An Tunesien gehéiert Harissa bal op all Dësch - wéi bei eis de Moschter oder d’Botter.
