Festival Cannes 2026: La vénus électrique

13/05/2026
Festival Cannes 2026: La vénus électrique
Play

Gëschter Owend war zu Cannes d'Ouverture vum Filmfestival.

Eng Zeremonie déi a villen Kinoen an Europa live iwwerdroe gouf, esou och bei eis am Kinepolis.

D'Ouverture Zeremonie, déi vun der franséischer Actrice Eyé Haidara presentéiert gouf, bitt ënnert anerem och d'Geleeënheet fir de Jury vum Festival virzestellen, iwwert dee mer hei nach net geschwat haten. Präsident ass de multipriméierten koreanesche Realisateur Park Chan-wook, deem seng wuel bekanntste Filmer "Old Boy" an "The Handmaiden"sinn. Säi leschte Film "No other choice" ass nach bis viru kuerzem zu Lëtzebuerg gelaf. Vun de 9 Jury Memberen dierften de schweedeschen Acteur Stellan Skarsgard, a besonnesch d'Demi Moore deene meeschte bekannt sinn.

De franséischen Ouverture Film LA VENUS ELECTRIQUE brauch de Jury allerdéngs net ze bewäerten, well dee leeft hors Competitioun.

Säit dem Doud vu senger Fra, huet e jonke Moler all Kreativitéit verluer. Enges Daags versicht en iwwer eng Hellseherin a Kontakt mat senger Fra ze trieden. E fält awer iertemlecherweis op e jonkt Meedche wat d'Spillche matmécht. Ouni d'Arnaque ze mierken, an no enger Rei falscher Seancë fënnt hien seng Inspiratioun erëm zeréck, wat awer nei Problemer mat sech bréngt...

Wann een aus LA VENUS ELECTRIQUE erauskënnt, gëtt een sech erëm esou richteg bewosst, wéi kitscheg, banal, an iwwerflächlech di meescht romantesch Comedien aus Hollywood an hir Imitatioune weltwäit sinn, a wéi se de Spectateur op bëlleg Manéier manipuléieren. Dem Pierre Salvadori säin excellent realiséierte Film, weist wat fir Méiglechkeeten de Genre eigentlech bitt, wéi ambivalent d'Léift ass, wéi d'Grenze verfléissen tëschent, Ligen, Illusioun, Selbstäuschung, Jalousie an opriichtege Gefiller, a wéi, fir et mam Film ze soen, d'Léift an tëschemënschlech Bezéiungen, ënnert alternativem Stroum stinn

Villäicht fënnt deen een oder aneren, dass d'Symbolik, d'Villschichtegkeet vun der Geschicht an och zousätzlech Themen iwwert d'artistesch Kreativitéit oder de Roll vun der Fra an der Konscht, a bëssen op Käschte vu pure romantesche Gefiller geet. Dofir gëtt een dann awer gewuer wat e richtege Coup de foudre ass: geféierlech, tragesch a romantesch,wéi am Frankenstein.

Haut den Owend gëtt dann nach zu Cannes de 25. Anniversaire vun enger vun de populäersten Hollywood Franchisë gefeiert. 2001 gouf nämlech den éischte vun enger Serie vun eelef FAST AND FURIOUS Filmer opgefouert. Matt der Präsenz vun den Haaptacteure Vin Diesel, Michelle Rodriguez, a Jordana Brewster, huet de Festival dann dach nach , quasi a leschter Minutt ,eng schéi Brochette vu populären Hollywood Staren op de rouden Teppech bruecht.