Festival Cannes 2026: Dora

19/05/2026
Festival Cannes 2026: Dora
Play

En attendant dass mer hei dee Film an der Competitioun gesinn, deen ons wierklech begeeschtert, beschäftege mer ons mat de Lëtzebuerger Koproduktiounen.

Mir hu bis elo zwee vun den dräi Filmer gesinn, déi all am Kader vum Cineworld Programm vum Filmfong cofinanzéiert goufen, an déi an der Niewesektioun "La Quinzaine des Cinéastes" gewise goufen.

LA LIBERTAD DOBLE, gouf coproduzéiert vun "Les Films Fauves", a realiséiert vum Argentinier Lisandro Alonso, deem seng Filmer säit Joren d'Festival Selektiounen nëmmen esou sammelen. An LA LIBERTAD DOBLE gesi mer vir d'éischt, wärend enger gudder hallwer Stonn, wéi en Holzfäller, deen an enger schäbeger Hütt am Bësch wunnt, Bamstämm fir eng Clôture zerseet. Da gëtt d'psychiatresch Klinik zougemaach , an deem seng Schwëster internéiert ass. Hien hëlt se bei sech op, mat der Instruktioun di chemesch Therapie weiderzeféieren. D'Schwëster wandert duerch den nei entdeckte Bësch, a well den Titel "Déi duebel Fräiheet" heescht, kann een dervun ausgoen, dass se elo allebéid an hirer Häip hir Fräiheet fonnt hunn. Dat ass net just e Resumé, mee exakt genau alles wat passéiert, oder besser gesot wat gewise gët, well richteg geschéien deet näischt. Dat ass minimalistesche Kino vum Allerfeinsten, géife munnecher soen; bei mir fält do d'Klapp ganz schnell...wann ech net als gewëssenhafte Kritiker misst bis zum Schluss duerchsetzen.

Vill méi eng glécklech Hand hat "Les Films fauves" mat hirer anerer Koproduktioun DORA, déi vun der Südkoreanerin Julie Jung realiséiert gouf.
DORA ass eng Adaptatioun vun engem vum Sigmund Freud senge berümtesten Fallstudien "Der Fall Dora-Bruchstücke einer Hysterieanalyse". Relativ no um Originalfall, beschreift de Film d'Geschicht vun der jonker, mat enger Hautkrankheet geploter, Dora, déi sech mat hiren Elteren an enger befrënnter Koppel zur Erhuelung an en Haus um Mier zeréckzitt.

Hei gëtt d'Dora zum Zentrum vun de Convoitisen an de Lige vun den Erwuessenen an se verléiert ëmmer méi d'Kontroll iwwert hier Gefiller an hier Sexualitéit. DORA ass en onheemlech villschichtegt, staarkt an tragescht Melodrama, wéi der haut leider kaum nach gedréint ginn. Wär do net dee ratéierten an onglafwierdege Schluss, deen di ganz Tensioun vum Film verpuffen deet, géif ech DORA zu menge Liblingsfilmer bis elo hei zu Cannes zielen.

Als gelongent a méi klassescht Melodrama fonctionéiert och ee vun en 2 amerikanesche Filmer a Kompetitioun: PAPER TIGER vum James Gray mam Adam Driver a Scarlett Johansson an Haaptrollen. An den 80er Joren zu New New-York geréit e Familljepapp duerch säin affairistesche Brudder, an awer och duerch eegent Verschëllen an e fatalen Engrenage mat der russescher Mafia. Besonnesch déi franséisch Kritik flippt op de Film an et ass och näischt dorun auszesetzen, ausser villäicht dass PAPER TIGER ze vill u viregt Filmer vum James Gray, a besonnesch "Little Odessa" aus dem Joer 1994,erënnert.