Hitmaschinn 2005: Fernando Alonso

Virun 21 Joer feiert de Fernando Alonso säin éischte Weltmeeschterschaftstitel an der Formel 1, an dat sollt Geschicht schreiwen.
De spuenesche Pilot war mat just 24 Joer de jéngste Formel‑1-Weltmeeschter ginn. Deemools ass den Alonso fir Renault gefuer an hat eng aussergewéinlech Saison opweises.
Mat senger Konstanz an enger intelligenter Strategie huet hien iwwerzeegt. 7 Grand Prix'en gewonnen an ëmmer erëm wichteg Punkten gesammelt. Dat huet et him erlaabt, sech géint de Rekordweltmeeschter Michael Schumacher duerchzesetzen, deen déi Jore virdrun dominéiert hat.
Besonnesch markant war, datt den Alonso net nëmmen séier war, mee och kalbliddeg an zouverlässeg. Hien huet wéineg Feeler gemaach an ass och ënner Drock roueg bliwwen.
Mat dësem Succès huet den Alonso net nëmmen seng eege Karriär op en neien Niveau bruecht, mee och eng nei Generatioun vu Formel‑1-Piloten ageleet.
Haut, mat 44 Joer, ass de Fernando Alonso nach ëmmer an der Formel 1 dobäi, elo awer bei Aston Martin.
