Bealtaine: Eng Rees zeréck an d’Zäit vun de Kelten

20/05/2026
Bealtaine: Eng Rees zeréck an d’Zäit vun de Kelten
Play

Dëse Weekend invitéieren d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten nees an eng aner Zäit: an d’Welt vun de Kelten. Ronderëm d’Keltenhaus zu Neiheisgen am Bësch dréit sech um Bealtaine Festival alles ëm Druiden, Duddelsäck a Workshoppen. De Festival ass mëttlerweil eng Traditioun ginn. Fir déi eelefte Kéier verwandelt sech de Site beim Chalet Nic Rollinger zu engem keltesche Duerf, mat Druiden, Schmëtten a vill Handwierk. D’Visiteure kënnen entdecken, wéi d’Kelten deemools gelieft hunn - net am Musée, mee live am Bësch.