Festival Cannes 2026: Notre salut

22/05/2026
Festival Cannes 2026: Notre salut
Play

En huet laang misse waarden, elo krut de Joy Hoffmann säin aussergewéinleche Film.

Jo. endlech. De belsch-franséische Film NOTRE SALUT vum Emanuel Marre ass a Form a Contenu kloer fir mech bis elo den absolut beschte Film an der Competitioun.

De Film weist di franséisch Vichy Collaboratioun ënnert dem Maréchal Pétain, ausschliisslech vu bannen, aus der Perspektiv vun engem klengen äifregen awer ideologesch iwwerzéchte Fonctionnaire, dee just kleng administrativ Decisiounen hëlt, fir dass derhannert di grouss Repressiounsmachinn fonctionéiert, déi ni gewise gëtt.

De Film iwwerhëlt doderniewent zimmlech getrei den original Bréifwiessel tëschent dem Realisateur sengen Urgrousselteren, a weist ganz subtil, wéi d'Fra sech lues a lues mat vill Luciditéit vun hirem Mann lassléisst. Mat den antiparlementaresche Parole vun de Vichyisten ass de Film zum Schluss dann och eng Warnung virun deem, wat bei de nächste Walen a Frankräich duerchaus passéiere kéint.

Virdrun hat ons awer och schonn de russesche Film MINOTAURE iwwerzeegt. De Realisateur Andrei Zvyagintzev transposéiert de franséische Klassiker aus de 60er Jore "La femme infidéle" vum Claude Chabrol, an déi russesch korrupt Geschäfts- Bourgeoisie, a condamnéiert offen den Ukrain Krich.

Wat Lëtzebuerg ubelaangt, esou hu mer elo och di drëtt Koproductioun gesinn, déi an der Niewesektioun vun der "Quinzaine des Cinéastes" gewise gouf. DEATH HAS NO MASTER vum Venezuelanesche Realisateur Jorge Thielen Armand ass zwar manner minimalistesch, wéi déi aner Lëtzebuerger Koproductioun vum Lisandro Alonso, vun där mer scho geschwat hunn, ass awer dofir net méi verdaulech .D'Geschicht ass och extrem moer. Eng Italieenerin, gespillt vun der Asia Argento, kënnt zeréck an dee mëttlerweil delabréierten Domaine a Venezuela, deen se vun hiren Eltere geierft huet. Fir d'Haus ze verkafe muss se déi Famill ,déi sech do installéiert huet an d'Haus minimal a Stand gehalen huet erauswerfen. Dat endegt dann ouni vill weider Peripetien schnell an engem bluddege Massaker. Déi inhaltlech Iwwerflächlechkeet vum Film, deen de Kolonialismus uprangert, gëtt deelweis kompenséiert duerch eng omnipresent mysteriéis Musek an exotesch Dekoren, déi de Film op d'mannst atmosphäresch a visuell attraktiv maachen.

Méi abordabelen a gefällege Kino ass dann DIAMOND vum Hollywood Acteur Andy Garcia, deen an der Sektioun "Cannes Première" gewise gouf. Den Andy Garcia spillt och selwer d'Haaptroll vun engem Privat Detektiv, deen am Optrag vun der Fra vun engem räiche Geschäftsmann, deen ermuert gouf , enquêtéiert. DIAMOND ass en originellen , decaléierten Hommage un d'Humphrey Bogart Filmer aus de 40 Joren, deels witzeg, deels emotional mat engem flotte Voice -over Commentaire. D'Vicky Krieps ass an der klassescher "Femme fatale" Roll besonnesch iwwerzeegend, niewent Hollywood Gréissten wéi den Dustin Hoffmann, Bill Murray oder Danny Huston. Tëschenduerch deet engem, hei zu Cannes , esou intelligente rengen Ënnerhalungskino dach einfach gutt.