De Päiperlécksgaart: Eng speziell Aarbechtsplaz

27/05/2026
De Päiperlécksgaart: Eng speziell Aarbechtsplaz
Play

Bei Yolande Coop geet et net nëmmen ëm Produiten oder Servicer. Hei steet virun allem d’Inklusioun am Mëttelpunkt. Zënter 2007 schafft d’Kooperativ mat Mënschen zesummen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn, a bitt hinnen eng berufflech Perspektiv an engem adaptéierten Aarbechtsëmfeld. An den Atelieren zu Betzder, Mondorf an och zu Gréiwemaacher ginn handwierklech a lokal Produite hiergestallt. Ee vun de bekanntste Projeten ass de Päiperlécksgaart. De tropesche Gaart zu Maacher gëtt zënter 2011 vun der Yolande Coop geréiert a gläichzäiteg als Inklusiounsatelier benotzt. De Päiperlécksgaart ass also haut net nëmmen eng touristesch Attraktioun, mee och eng richteg Aarbechtsplaz. An der tropescher Hal vu méi wéi 600 Quadratmeter fléien Honnerte vu Päiperleken aus verschiddene Länner fräi ronderëm. Dobäi kommen nach Chamäleonen, Deckelsmouken a Villercher. Fir d’Mataarbechter bedeit dat vill Kontakt mat de Leit an eng grouss Verantwortung am Alldag. Nieft de Päiperleken entdeckt een och tropesch Planzen aus verschiddene Kontinenter. Déi eng droen exotesch Friichten, anerer hu riseg Blieder oder speziell Blummen, déi et hei zu Lëtzebuerg normalerweis net gëtt. De Päiperlécksgaart weist domat och, wéi sensibel esou Ökosystemer sinn. D’Visiteure léiere, wéi staark Déieren a Planzen vum Klima ofhänken a wéi wichteg den Naturschutz ass.