5 Spices: Déi asiatesch Gewierzkonscht

29/05/2026
5 Spices: Déi asiatesch Gewierzkonscht
Play

A villen asiatesche Kiche gehéiert eng Gewierzmëschung ganz einfach dozou: de sougenannte “5 Spices”. D’Mëschung kënnt ursprénglech aus China a gëtt zënter Joerhonnerten an der Kichen benotzt. Haut fënnt een se awer och ëmmer méi hei an Europa – besonnesch an der asiatescher Kichen, mee och a moderne Rezepter. De Numm verréit et schonn: d’Mëschung besteet aus fënnef verschiddene Gewierzer. Zesumme ginn dës Gewierzer eng ganz speziell Kombinatioun aus séissen, waarmen a liicht schaarfen Aromen.