Op Besuch am CR7 Museu zu Funchal

Wann den 11. Juni d’WM an den USA ufänkt. Dann zielt hie sécherlech zu de bekanntste Spiller déi do dobäi sinn.
CR 7 geet duer als Indice, a jidderee weess, mir schwätze vum Cristiano Ronaldo. Deen huet seng éischt Fussball Erfarung a senger Heemecht der Insel Madeira gemaach. Zu Funchal gëtt et e Musée vun him, an dee läit ganz attraktiv gläich um Hafen vu Funchal, der Haaptstad vu Madeira.
Di éischt Säiten vun der Erfollegsstory goufen effektiv bei Andorinha Madeira geschriwwen. Hei huet alles ugefaangen, a séier war kloer, mat deem Talent gëtt aus deem jonke Borscht e richteg Top Football Star.
Am Cristiano Ronaldo senger Mentalitéit war et ëmmer e Profi Fussballer ze ginn, an hien haart trainéiert fir dat ze erreechen. A jo säin Drâm ass
Réalitéit ginn, an haut ass hien e vun de bekannteste Spiller vun der Welt.
De Responsablen vum Museu Nuno Mendes verréit eis, dass d‘Iddi fir e Musée vu sengem Brudder koum, a mat an tescht 2 Millioune Visiteuren an 12 Joer, ass de Succès perfekt.
Et ass u sech e Famillje Musée, deen och net vu staatlecher Säit supportéiert gëtt. A mir konnten an de leschte Joere scho ganz vill Visiteuren zielen.
Wat gesi mir alles hei?
Hei stinn iwwr 200 Tophéen, därer déi de Ronaldo individuel gewonnen huet, awer och därer mat de Veräiner. Dann awer och de Cristiano Ronaldo am 1:1 als Schokelasfigur. Net ze vergiessen Trikoten vun him aus ville Matcher, a Fanpost aus aller Welt, fir d’Léift an d’Passioun fir hire Star ze ënnersträichen.
Interaktiv gëtt et dann och eng Foto mam Super Star, dee selwer awer ganz seelen a séngem CR7 Museu op Besuch ass. Bis elo grad emol, 4 mol.
Nee leider ass hien nëmme ganz seelen hei op Madeira. Hien ass ëmmer busy a beschäftegt mat Fussball. Awer wann ekënnt dann ass et e grousst Fest. An hie nass houfreg op seng Heemecht a vergësst seng Wuerzele net.
Mee op Madeira an a Portugal ass een schonn am WM Féiwer, an hofft, dass et der „Selecao“ mam Cristiano Ronaldo geléngt Weltmeeschter ze ginn. Deen eenzegen Titel deen him bis dato nach feelt.
Mir Portugiese gleewen drun dass mir de Worldcup gewannen, a fir de Ronaldo wär dat e ganz speziellen Titel. A senger Karriär huet e schon alles gewonnen, just nach keng WM.
Den CR7 Museu zu Funchal op Madeira, der Heemecht vum Ronaldo sécherlech e Besuch wäert, wann e wéi mir op der Atlantik Insel Vakanz mécht.
