Za'atar - Eng Prise Orient

12/06/2026
Za'atar - Eng Prise Orient
Play

An eiser Gewierzserie geet et haut ëm e Gewierz, dat am Noen Osten bal an all Kichen doheem ass: Za’atar. Dobäi handelt et sech net ëm ee Gewierz eleng, mee ëm eng Mëschung aus verschiddenen Zutaten. Jee no Regioun a Familljentraditioun variéiert d’Rezept. Za’atar gëtt zënter Joerhonnerten an de Länner vum Noen Osten benotzt. Et gëtt iwwer Fladebrout gestreet, mat Olivenueleg gemëscht oder fir Fleesch- a Geméisplaten agesat. De Goût ass gläichzäiteg kräfteg, nosseg a liicht sauer.