Hitmaschinn 1972: The Godfather
10/06/2026

„The Godfather“ gëllt haut als ee vun de wichtegste Filmer an der Filmgeschicht.
Ënnert der Regie vum Francis Ford Coppola gesäit een an der Haaptroll de Marlon Brando als Don Vito Corleone, de Chef vun enger mächteger Mafia-Famill zu New York.
Am Mëttelpunkt steet awer net nëmmen d’Gewalt, mee virun allem d’Famill, Loyalitéit an d’Muecht. Den Don Vito wëllt säi Geschäft mat Éier féieren, mee säi Jong Michael, gespillt vum Al Pacino, entwéckelt sech lues a lues vum onbedeelegten Outsider zu engem kalbliddege Nofolger. „The Godfather“ ass bekannt fir seng däischter Atmosphär a seng staark Dialoger.
De Film ass och bei de Kritiker gutt ukomm a konnt 3 Oscars gewannen, dorënner „Beschte Film“ a „Beschte Schauspiller“ fir de Marlon Brando.
