Hitmaschinn 2002: WM a Japan & Südkorea

18/06/2026
Hitmaschinn 2002: WM a Japan & Südkorea
Play

D'FIFA-Weltmeeschterschaft 2002 war a ville Beräicher eng Première.

Fir d'éischte Kéier gouf de gréisste Fussballtournoi vun der Welt an Asien organiséiert, an zwar gläichzäiteg a Japan a Südkorea. Mat 20 modernen Stadien an Honnerte Millioune Tëlésspectateuren war et eng vun de meescht gekuckte Sportveranstaltungen iwwerhaapt. Sportlech huet Brasilien dominéiert. D'Equipe ronderëm Ronaldo, Rivaldo a Ronaldinho huet all siwe Matcher gewonnen an ass ouni Néierlag Weltmeeschter ginn. Am Finall zu Yokohama huet Brasilien Däitschland mat 2:0 geschloen. Béid Goler goufen vum Ronaldo geschoss, deen no de schwéiere Knéi-VBlessuren aus de Jore virdrun e spektakuläre Comeback gefeiert huet. Mat aacht Goler gouf hien och beschte Buteur vum Tournoi.

Fir vill Opreegung huet Südkorea gesuergt. Als Co-Organisateur ass d'Land bis an d'Halleffinale komm an huet ënnerwee Italien a Spuenien eliminéiert. Op där anerer Säit sinn Topfavoritten ewéi Frankräich, den Titelverdeedeger vun 1998, an Argentinien schonn an der Gruppenphas ausgescheet. Fir Brasilien war et um Enn de fënnefte Weltmeeschtertitel – e Rekord, dee bis haut net gebrach gouf.