Hitmaschinn 1988: CD

25/06/2026
Hitmaschinn 1988: CD
Play

1981 gëtt d’Compact Disc der Weltëffentlechkeet presentéiert, d’Joer drop leede Sony a Philips d’Masseproduktioun an.

Ma 1988 war dat Joer, an deem weltwäit fir t’éischte Kéier méi CD’e verkaf goufe wéi Placken.
Digital Qualitéit am Klang, kee Knisteren, an eng méi einfach Handhabung, esou d’Verspriechen.
An de fréien 2000er erreecht d’CD hiren Héichpunkt mat Milliarde Verkeef all Joer.
Ma du goung et lues a lues biergof mam physesche Medium.
D’Bandbreet vum Internet gëtt méi grouss (Stéchwuert DSL), d’MP3 Format setzt sech duerch, an d’Leit fänken un Musek erofzelueden.
2003 stellt Apple den iTunes Music Store vir.
D’Era vum Musek Download geet duerno fléissend iwwer an d’Era vum Streaming, an där mir elo sinn.
2022 hat d’CD nees e klengen Hype.
Ma dee “old school” Medium, dee bei Musek Fans am héchsten am Cours steet ass nach ëmmer déi gutt al Plack!