Hitmaschinn 1998: Olympia, WM

Vum 7. bis den 22. Februar 1998 waren et déi 18. Olympesch Wanterspiller an der japanescher Stad Nagano. Méi wéi 2.100 Sportler aus 72 Natiounen haten un de Spiller deelgeholl.
Et sinn déi éischt Wanterspiller gewiescht, bei deene Fraen-Eishockey offiziell um Programm stoung. Och Curling war no Joerzéngten erëm olympesch ginn. Am Medailespigel konnt Däitschland sech mat 12 Gold-, 9 Sëlwer- an 8 Bronzemedaille viru Norwegen an Russland duerchsetzen.
Am Summer konnt du Frankräich iwwerzeegen. Vum 10. Juni bis den 12. Juli war d'Fussball-Weltmeeschterschaft ausgedroe ginn. Fir d'éischte Kéier haten net méi 24, mee 32 Equippe matgespillt. Insgesamt si 64 Matcher viru méi wéi 2,7 Millioune Spectateure gespillt ginn.
An der Finall am Stade de France huet Frankräich Brasilien mat 3:0 geschloen. De Zinédine Zidane hat zwee Kappbäll erageschoss, den Emmanuel Petit hat an der Nospillzäit den drëtte Gol markéiert. Fir Frankräich war et den éischte Weltmeeschtertitel an der Geschicht vum Land.
