Rosmarin - eng Prise Mëttelmier

03/07/2026
Rosmarin - eng Prise Mëttelmier
Play

Wann ee mat der Hand iwwer e Rosmarinstrauch sträift, da läit direkt dee markanten, haarzege Geroch an der Loft. E Geroch, dee vill Leit un d'Sonn, d'Mëttelmier an un d'Vakanz erënnert. Rosmarin ass ee vun de bekanntste Kraider an der Kichen - mee hannert deene klengen Nole stécht eng laang Geschicht. Säi Numm kënnt aus dem Latäin a bedeit esou vill wéi „Da vum Mier“. Dat passt gutt, well d'Planz kënnt ursprénglech aus de Küsteregioune ronderëm d'Mëttelmier. Do wiisst se och haut wëll op dréchene, sonnege Plazen. Schonn an der Antik, bei de Griichen an de Réimer, war de Rosmarin e Symbol fir Erënnerung, Frëndschaft a Léift. Bei Hochzäiten, reliéise Feierlechkeeten oder och Begriefnesser gouf en dacks benotzt. Rosmarin ass also vill méi wéi nëmmen eng Gewierzplanz. Hie verbënnt Traditioun, Geschicht an Aroma an ass aus der mediterraner Kichen net méi ewechzedenken.