Garçonscourse zu Esch-Sauer
07/07/2026

An de pittoreske Stroosse vum Duerf trieden all Joer Kanner, Jugendlecher an Erwuessener géinteneen un - net mat Turnschlappen an enger Stoppauer, mee mat engem Platto mat Gedrénks an der Hand. D'Aufgab kléngt einfach: esou séier wéi méiglech duerch e Parcours kommen, ouni d'Glieser oder d'Waasser um Platto ze verléieren. An der Praxis verlaangt dat awer vill Konzentratioun, Balance a Geschécklechkeet.
