Lavendel - méi wéi Dekoratioun
10/07/2026

Bei de meeschte Leit kënnt hei als éischt de Geroch vu Provence oder e violett Feld an de Kapp. D'Planz ass bekannt fir hiren intensiven Aroma a gëtt dacks a Seefen, Parfumen oder als Heelplanz benotzt. Mä och an der Kichen huet de Lavendel seng fest Platz. Lavendel staamt aus dem Mëttelmierraum a kënnt haut a villen Aarten vir. Fir d'Kichen ass virun allem den Echte Lavendel gëeegent, deen duerch säi feinen, blimmelegen Aroma iwwerzeegt. Och wann de Lavendel net zu de Gewierzer gehéiert, déi all Dag op den Dësch kommen, weist hien, wéi spannend Kraider an der Kichen kënne sinn. Mat der richteger Doséierung kann hie souwuel salzeg wéi séiss Platen op eng ganz nei Aart beräicheren an domat e klengt Stéck Summer op den Teller bréngen.
