Hitmaschinn 2008: EM an Olympia

De Summer 2008 hat et a sech.
Am Juni huet d’UEFA-Europameeschterschaft an Éisträich an an der Schwäiz ugefaangen. Millioune Fans hu virun den Ecranen oder op Public Viewings matgefeiwert. No engem spannende Tournoi stoung Spuenien an der Finall an Däitschland och. De Fernando Torres huet den eenzege Gol geschoss a Spuenien ass et gelongen den éischten groussen Titel no 1964 ze secheren. Et war den Ufank vun enger aussergewéinlecher Ära: Och d’WM 2010 an d’Euro 2012 huet Spuenien schliesslech gewonnen.
Nëmmen e puer Woche méi spéit huet d’Welt op Peking gekuckt. D’Olympesch Summerspiller hunn den 8. August 2008 mat enger spektakulärer Ouverturesfeier ugefaangen. Sportlech gouf virun allem ee Mann zur Legend: Den jamaikanesche Sprinter Usain Bolt. Hien huet d’100 an d’200 Meter an neie Weltrekordzäite gewonnen a gouf iwwer Nuecht zum schnellste Mann vun der Welt.
Och am schwammen ass Geschicht geschriwwe ginn. Den Amerikaner Michael Phelps huet net manner wéi aacht Goldmedailen op enger eenzeger Olympiad gewonnen – e Rekord, dee bis haut aussergewéinlech bleift.
