Hitmaschinn 2008: App Store

17/07/2026
Hitmaschinn 2008: App Store
Play

Haut ass et bal net méi virzestellen, mee et gouf eng Zäit, an där et um Smartphone bal keng Apps gouf.

Dat huet sech am Summer 2008 geännert. Den 10. Juli huet Apple den App Store gestart – eng Plattform, op där Entwéckler hir eege Programmer fir den iPhone ubidde konnten.
Am Ufank waren et ronn 500 Apps. Vill dovu ware relativ einfach: kleng Spiller, Wieder-Apps oder Notizprogrammer. Awer séier gouf kloer, datt hei eppes Grousses entstanen ass.
An de Joren dono sinn ëmmer méi Servicer dobäikomm. Navigatioun, Online-Banking, Musek lauschteren, Iessen bestellen oder Vakanz buchen – ëmmer méi Alldagsaufgabe sinn op den Handy gewiesselt.
Fir vill Entreprisen ass eng App haut esou wichteg wéi eng Websäit. An och nei Beruffer sinn entstanen, zum Beispill als App-Entwéckler.