Hitmaschinn 1981: IBM

1981 gouf eng Maschinn presentéiert, déi alles sollt revolutionnéieren
Am Summer 1981 geheit d’Firma IBM d’Welt vun der Technologie op d'Kopp: den IBM PC gëtt presentéiert. Wat bis elo éischter eppes wéinst der Gréisst fir grouss Firmaen an Universitéite war, ass elo eppes wat ee sech kann op de Büro stellen. De Computer fir doheem.
Den IBM PC, offiziell als Model 5150 bekannt, ass net méi grouss wéi eng Schreifmaschinn. Bis dohinner ware Computeren deier, komplizéiert a schwéier ze bedéngen. Den IBM PC brécht mat dësem Bild.
IBM decidéiert sech bewosst fir en oppene System. Aner Firmen däerfe Software a Komponente produzéieren, déi mam System kompatibel sinn. Kuerz drop entsti Programmer fir Bréiwer ze schreiwen, Rechnungen ze maachen oder Donnéeën ze verwalten. De Computer gëtt vun engem Spezialinstrument zu engem Aarbechts- an Alldagsapparat.
Schreifmaschinnen, Karteikëschten a manuell Comptabilitéit gi lues a lues ersat. Büroe ginn digital.
D'Zil ass kloer: Computere solle fir jiddereen zougänglech ginn.
Réckbléckend kann ee soen: Mat der Presentatioun vum IBM PC am Joer 1981 hu se net nëmmen en neie Computer virgestallt, mä den Zäitalter lancéiert vun enger digitaler Welt, wéi mir se haut kennen.
