https://perma.rtl.lu/a/2710239
31/07/2026

De Mëllerdall gëtt net ëmsoss als "Kleng Lëtzebuerger Schwäiz" bezeechent. Hei fënnt een impressionant Fielslandschaften, déif Däller an eng ganz Rëtsch Wanderweeër. Ee vun hinnen ass de B5 zu Bäerdref. De Wee féiert duerch de Werschrummschlüff – eng schmuel Fielsspléck, déi bei Wanderfrënn besonnesch beléift ass. De B5 ass ronn siwe Kilometer laang a gëllt als mëttelschwéier. Schonn no e puer Minutte geet et an eng ganz aner Welt: héich Sandsteenfielsen, fiicht Moos, Wuerzelen um Buedem an ëmmer nees schmuel Passagen. De Werschrummschlüff ass dobäi ee vun den Héichpunkten. Op verschiddene Plaze ass d'Spalt esou enk, datt een nëmmen hannertenee ka laanschtgoen.
