De Märchebësch vu Bollenduerf
04/08/2026

Wie gär géif Dir emol an eng richteg Mäerchewelt andauchen? Zu Bollendorf ass dat méiglech. Um Märchenpfad Sonnenlay ginn déi bizarr Fielsen am Bësch zur Kuliss vun enger Fantasiegeschicht. Op engem ronn dräi Kilometer laange Wee begleeden d'Visiteuren de jonke Prënz Bollybur op senger Sich no der Prinzessin Bollonia. Déi béid Figurë goufen iwwregens net aus engem ale Mäerchebuch iwwerholl, mee si sinn d'Erfindung vun enger Bollendorfer Famill. D'Geschicht gëtt op néng Statiounen erzielt a mécht aus enger Wanderung eng kleng Aventure fir d'ganz Famill.
