Rouspert: Natur a Rou bei der Girsterklaus

11/08/2026
Rouspert: Natur a Rou bei der Girsterklaus
Play

Et ass ee vun deene Wanderweeër, bei deenen een no e puer Minutte schonn d'Gefill huet, e bëssen aus dem Alldag eraus ze sinn. Zu Rouspert geet et lass – an da geet et virun allem erop. De Wee ass 9,7 Kilometer laang an d'Belounung fir d'Hiwwele kënnt ëmmer nees a Form vu Bësch, Fielsformatiounen an dem Ausbléck op d'Sauerdall. Et ass eng Landschaft, déi permanent wiesselt: mol leeft een ënnert de Beem, mol geet de Bléck wäit iwwert d'Dall, an da steet een nees viru moosege Fielsen. A grad dës Ofwiesslung mécht de Rouspert-Wee interessant: en ass net nëmmen eng Streck, déi een oftrëppelt, mee eng kleng Rees duerch ganz verschidde Landschaften.