Nommern I – kleng Ronn, grouss Fielsen

14/08/2026
Nommern I – kleng Ronn, grouss Fielsen
Play

Et gëtt Wanderweeër, bei deenen ee scho no e puer Meter mierkt: Hei geet et net nëmmen ëm d’Kilometer. Hei geet et ëm dat, wat een um Wee entdeckt. Mir sinn zu Noumer, méi genee beim Eurocamping Noumerlayen. Vun hei aus geet et op den Autopedester Noumer I – e kuerze Wee vu knapp sechs Kilometer, fir deen een ongeféier zwou Stonne soll aplangen.
An och wann de Wee offiziell als „liicht“ agestuuft ass, gëtt et Passagen, déi e bëssen Opmierksamkeet verlaangen: schmuel Weeër, Trapen an natierlech d’Fielsen, déi hei op kuerzer Distanz dicht beienee leien.