Op Besuch beim Caro & Andreas Robens op Mallorca

15/08/2026
Op Besuch beim Caro & Andreas Robens op Mallorca
Play

Wann een d’Caro an den Andreas Robens kennt, dann ass dat mat grousser Warscheinlechkeet duerch "Goodbye Deutschland".

D'Caro Robens ass schonn 2003 vu Wuppertal op Mallorca ausgewandert. Den Andreas koum e puer Joer méi spéit hannendrun. Déi zwee hu sech 2010 op der Insel kennegeléiert – si huet deemools an enger Diskothéik geschafft, hien als Sécherheetsmann. Kuerz drop goufe si eng Koppel. De Projet vun enger Serie op der Tëlee war eigentlech ni geplangt. Och, a virun allem, well d'Caro ganz schei ass, respektiv war. Zënterhier hu si sech op Mallorca net nëmmen e Privatliewe mee och eng Existenz opgebaut – ënner anerem mat Fitnessstudioen an der Gastronomie. Nieft hire Geschäfter hu si och fir d’Kamerae vill erlieft – vun „Goodbye Deutschland“ bis bei hir eege Sendung „Caro & Andreas – 4 Fäuste für Mallorca“. Caro an Andreas Robens – bekannt aus der Televisioun. Mee hannert dem TV-Portrait stinn zwee Mënschen, déi Mallorca viru ville Joren zu hirer neier Heemecht gemaach hunn.