D'Cornelys Millen - Mam schwaarze Storch als Begleeder
18/08/2026

Wann een d'Natur am Éislek ganz no wëll erliewen, da muss een net wäit sichen. De Naturléierpad Cornelys Millen bei Ëlwen féiert op ronn zéng Kilometer duerch e besonnescht Fiichtgebitt – an dat op engem Wee, deen ëmmer nees fir kleng Iwwerraschunge suergt. De Wee geet duerch eng ofwiesslungsräich Landschaft mat fiichte Wisen, Hecken, Weieren a Baachen. Op verschiddene Plaze geet et iwwer schmuel Holzsteeën, wou een och an déi méi empfindlech Beräicher vum Naturschutzgebitt era kënnt. A praktesch ass och de Startpunkt: den Tour fänkt direkt op der Gare vun Ëlwen un an hält och do op. Eng Wanderung also, bei där een den Auto ganz einfach stoe loosse kann, wann ee mam Zuch ukënnt.
