Ënnerwee um L2 an der Fiels - Bësch, Buergen a schéi Vuen
28/08/2026

Et muss net ëmmer eng Wanderung vu fënnef oder sechs Stonne sinn, fir dass ee richteg eppes entdeckt. Haut geet et op ronn aacht an engem hallwe Kilometer ronderëm d'Fiels, duerch de Bësch, laanscht e Schlass an op e flotte Panorama. An dat Besonnescht: Et ass eng Wanderung, bei där d'Natur am Mëttelpunkt steet, mee déi gläichzäiteg och e gudde Schotz Geschicht matbréngt. Den L2 ass en Tour – et geet also do lass, wou een och nees ukënnt: am Zentrum vun der Fiels, bei der Tourist Info respektiv beim Gemengenhaus.
