E Bléck, dräi Länner - De Panoramawee zu Pärel

01/09/2026
E Bléck, dräi Länner - De Panoramawee zu Pärel
Play

Déi siwent Plaz ënner den 100 schéinste Wanderweeër an Däitschland. Dat war de Panoramawee zu Pärel 2019 beim Publikumsvote „Deutschlands Schönste Wanderwege“. An och e puer Joer méi spéit huet de Wee näischt vu sengem Charme verluer. Ronn 12 Kilometer ass d’Ronn laang, mat ronn 270 Héichtemeter – also net grad e Spadséiergang fir tëschenduerch. Mee dofir kritt een ënnerwee och eppes gebueden. De Parcours féiert duerch eng ofwiesslungsräich Landschaft ronderëm Pärel an ass en Deel vum Saar-Hunsrück-Steig. An et ass virun allem d’Naturschutzgebitt Hammelsberg, dat de Wee esou besonnesch mécht.