Villa Borg Trail – E Wee duerch d’Zäit
11/09/2026

Wat geschitt, wann ee Wandere mat e bëssen Zäitrees kombinéiert? Direkt nieft der réimescher Villa Borg, am Saarland, treffe Sport, Natur a Geschicht openeen. An dat mécht dësen Trail zu eppes Besonneschem. Hei kritt een en Abléck an d’Liewe vun de Réimer virun ongeféier 2.000 Joer. D’Villa gouf no archeologesche Fuerschungen rekonstruéiert, an haut kann een sech do zimlech gutt virstellen, wéi esou eng réimesch Anlag ausgesinn huet. Et sinn net nëmmen d’Gebaier, déi interessant sinn. Och d’Gäert an déi ganz Anlag maachen d’Geschicht méi gräifbar. Et ass e bëssen esou, wéi wann een aus der haiteger Zäit eraustrëtt an e kuerze Bléck an d’Vergaangenheet kritt.
