Hitmaschinn 1984 Band Aid
17/09/2026

D’ Museker Bob Geldof a Midge Ure si 1984 schockéiert iwwer d’Hongersnout an Äthiopyen an denke sech: do muss een dach iergendeppes kënne maachen.
Séier gi Neel mat Käpp gemaach. Dem Bob an dem Midge hir Iddi ass u sech einfach: si invitéieren Top Stars an de Studio fir zesummen e Song opzehuelen, den Erleis gëtt géint d’Hongersnout gespend.
Och Museker, déi sech privat net esou gutt kënne leiden, maachen zesumme Musek fir de gudden Zweck. Zil war et, eng bis annerhallef Millioun brittesch Pond ze sammelen. Scho kuerz no der Verëffentlechung vun “Do they know it’s Christmas” waren et ronn 8 Millioune Pond.
