Hitmaschinn 1974: Playmobil

30/09/2026
Hitmaschinn 1974: Playmobil
Play

Déi genial Erfindung un déi Jiddereen Erënnerungen huet war 1974 eigentlech aus der Nout eraus entwéckelt ginn.

No der Uelegkris vum Joer virdru waren d’Präisser fir Plastik ze produzéieren explodéiert an d’Firma Geobra, déi grouss plastiks Spillsaache produzéiert huet wéi Hula-Hoop oder Kannertrakter mat Pedallen, huet missen ëmdenken. Nei Spillsaachen fir déi sou mann wéi méiglech Matière Première néideg war hu missen entwéckelt ginn. Esou goufen am Febraur 1974 déi éischt Playmobils-Männercher op der SpillFoire vun Nürnberg presentéiert. Déi éischt dräi, dat war e Ritter, e Bauaarbechter an en (wéi een déi Zäit nach gesot huet) Indianer. D’Erfindung sollt sech scho bal als Flop erausstellen, bis um virleschten Dag vun der Foire en händler aus Holland Wuer am Wäert vun enger Millioun Mark bestallt huet.
D’Männercher gesinn am Prinzip Haut nach ëmmer aus wéi ganz ganz fréier. Den Design ass u Kannerhänn an un deene klengen hir Psychologie ugepasst. D’Gesiicht gesäit aus wéi eng klassisch Zeechnung vun engem Kand. E ronne Kapp, zwee An an e gezeechente Mond. D’Gréisst vun den Ur-Figuren, dat waren 7,5 cm, déi perfekt Gréisst fir eng Kannerhand. D’Fisur war fest, de Kapp konnt een dréien, grad wéi d’Äerm an d’Been.

All Männchen war bei der Gebuert 1974 d’nämmlecht. Eréischt mat Hutt oder Rüstung oder soss Accessoiren huet en eng Identitéit kritt.
Déi éischt zwee Joer war Playmobil eng reng Männergesellschaft. D’Frae koumen 1976 dobäi. Déi alleréischt Figur war eng Hausdamm mat Staubsauger a Kläpper fir den Teppech. Duerno koumen Indianerinnen, Infirmièren an eng edel Kinnigin.
Méi spéit da sinn déi aner dobäi komm: Piraten, Ritter, Déieren wéi Päerd oder Kéi a Schof um Bauerenhaff. Schubkar, Schwerter, Policegefierer… je, a wat net nach alles mat deem och Haut, 52 Joer méi spéit, nach gespillt gëtt.