De Johann Lafer am RTL Interview

28/09/2026
De Johann Lafer am RTL Interview
Play

Wann een Diagnos Kriibs kritt, dann ass dat fir jiddereen e Schock. Fir e selwer, awer och d‘Famill a Frënn ronderëm een.

Esou och beim Johann Lafer. De beléifte Star Kach vun der däitscher Telé a Kach Buch Auteur, huet dat och dëst Joer matgemaach.

Gëscht huet hien säi 69. Gebuertsdag dierfe feieren, a leschten Donneschdeg war hien mat sengem Kichen Team op Invitatioun zu Lëtzebuerg fir eng exclusiv Soirée.