Hitmaschinn 1974: Tëlee

Do ware fir Grouss a fir Kleng vill Saachen dobäi déi villen Haut och nach bekannt sinn.
E Krimi deen iwwer 20 Joer op der Däitscher Tëlee gelaf ass, den 'Derrick' mam Horst Tappert als Inspekter Stephan Derrick an de Fritz Wepper als Harry Klein. Et war och den Ufank vu ville Quiz-Sendungen, wéi 'Der Grosse Preis' oder 'Am laufenden Band' mam Rudi Carrell wou de Gewënner um Schluss 40 Saachen op engem Lafband gesinn huet, an all dat wat en duerno nach konnt opzielen huet him gehéiert. Da goufen et endlech och mol méi Kannersendungen wéi 'Wickie und de starken Männer' wou direkt am Januar 1974 déi éischt Sendung vum schlaue Wickingerjong koum. Kult absolut. D'Heidi wat an der éischter Serie bei säi Bopa op d'Alm geplënnert ass, d'Geessen an de Peter kennegeléiert huet.
An nach eng weider Kannersendung ass '74 ugelaf: Kli-Kla-Klawitter. D'Kannerserie ronderëm de roude Bus. Alles Serien déi am Joer 1974 gestart sinn. Deemools, wou de faarwege Fernsee nach en deiere Luxus war. E schwaarz/wäisse Modell huet ee fir tëscht 6.000 an 12.000 Frang kritt. 150-300 Euro. Eng faarweg Tëlee ëm déi 1.000.
