Schong aus, Gesondheet un?
08/10/2026

D'Schong ausdoen an einfach lassgoen - fir déi meescht vun eis ass dat vläicht eppes, wat mer am Summer op der Plage maachen. Fir de Frank Jester ass et vill méi wéi dat. Hien ass Dokter, Zänndokter – a virun allem ass hien zanter Jore buerbes ënnerwee. D'Inspiratioun koum duerch seng kleng Duechter, déi am léifsten iwwerall d'Schong ausgedoen huet. Beim Buerbeswanderen huet een direkte Kontakt mam Buedem. Op eemol spiert een, ob een op Gras trëppelt, op Kräsi, op Bëtong oder op engem Bëschwee. All Schrëtt ass anescht a virun allem kann een sech esou gutt äerden. De Frank Jester geet schonn e puer Schrëtt méi wäit – heiansdo honnerte Kilometer. Fir hien ass de Wee ouni Schong eng perséinlech Iwwerzeegung.
