Pneuen a Luuchten elo checken
12/10/2026

Et gëtt moies nees méi fréi däischter, d’Temperature falen, an domat kënnt och d’Zäit, fir sech ëm d’Wanterpneuen ze këmmeren. Zu Lëtzebuerg gëtt et keen fixen Datum, ab deem een obligatoresch Wanterpneuen um Auto muss hunn. D’Reegel hänkt vun de Wiederkonditiounen of. Wann et Glëtz, Schnéi, Schnéireen, Äis oder Frascht op der Strooss huet, sinn d’Wanterpneuen obligatoresch – an zwar op alle Rieder. Mä wéini ass dann de richtege Moment fir ze wiesselen? Mir hu beim Frank Maas aus dem ACL nogefrot.
