Rout - d'Faarf vum "Kuck hei!"
16/10/2026

Rout ass eng ganz intensiv Faarf, déi séier Opmierksamkeet fënnt. An der Natur kann et e Signal sinn - en zeidegt Uebst, Blutt, eng Blumm oder bei verschiddenen Déieren eng Warnung. Mir hunn eis dru gewinnt, dass Rout heescht: "Kuck hei! Hei ass eppes Wichteges". Rout ass awer net nëmmen d'Faarf vu Gefor, ma rout gëtt dacks mat Léift, Leidenschaft, Wonsch, awer och Roserei verbonnen. Rout, wéi och vill aner "äerdeg" Faarwe fanne mer iwwerall an der Natur.
